News

CSGO Team Interview : Gilles ‘iNk’ Raccogli

Fri 10th Nov 2017 - 4:32pm E-Sports
Knapp eng Woch virun der wichteger Luxmaster CSGO Final, hunn mear een klengen Interview vun eisem Counter Strike Team virbereed. Vir den Interview unzefenken hunn ech eisen iNk ausgesicht.
 
 

Name : Gilles 'iNk' Raccogli
Age : 28 years old
Country : Luxembourg

Hi-Lite : Gudden Moien iNk, dier spillt elo schon säit puer Méint ënnert dem We Live Games Numm an mat der Qualifikatioun vir Luxmasters.lu Offline Final hutt der jidderengem gewisen dass dier ganz staarkt sidd. WLG Team gëtt och als kloren Favorit ugesinn. Wei fills de dech an wei hutt der wëlles iech als Team op deen wichtegen Datum virzebereeden?

iNk : Moien, Mir sinn natierlech houfreg dat mir eis am Upper Bracket ouni en eenzegen Map loss duerchgesat hun an eis domat fir d'offline finals qualifizéiert hun. Als Favorit vum Turnéier gesinn ze ginn, as natierlech éischter eng Mental Erausfuerderung. Mir probéieren eis d'Spill ze spillen an eis net aus der rou brengen ze loossen. Dobäi spillt et an d'Kaarten dass mir elo schon iwwert en ganz laangen Zäitraum zesummen am Team sinn. d'Preparatioun fir Luxmasters as unsech net anescht wei fir soss en Turnéier. Mir trainéieren an der Woch owes zesummen, ginn eis Maps duerch, eis Strats. wann et néideg as ginn Adaptatiounen gemaach. Mir denken dass mir gutt preparéiert sinn an freeën eis natierlech ob den 18.Nov.

Hi-Lite : Mier vun WLG kennen et kaum erwaarden iech ennerstetzen ze kommen, an wei et ausgesäit freet sech d'ganz letzeboiesch CSGO Community op den Luxmasters Event. No 5 Joer CSGO Existenz ass dësen een vun den éischten groussen Lëtzebuergeschen CSGO Turnéieren. Wei ass deng Meenung zu der aktueller Counter Strike Community, wei mengs de geet et ab elo weider?

iNk: Et as eng länger Zäit näischt mei geschidd gewiescht am Letzeboier Counter-strike Beräich dofir war ech bëssen iwwerrascht dass sech esou vill Teams ugemellt hun fir d'Turnéier. Lescht Joer as dat ganz an engem mei klengen rammen organiséiert ginn. Dëst Joer hiewen d'Jongen vun esports.lu zesummen mat be.Kingz dat ganzt natierlech ob en aneren Level. Zemools mat engem offline Event mat Spectateuren mat Radio/Medien Presenz an et mierkt een dass et den Leit an den Fangeren kribbelt an jiddereen dat Turnéier well gewannen. Ech hoffen natierlech dass et weiderhin esou Letzeboiesch Turnéieren geingen ginn. An dass dësen Luxmasters Event 1-2x d'Joer kéint gemaach ginn. Woubäi ech och gearen eng Liga Struktur mat offline Finals géing gesinn. Hoffentlech gëtt ob den Hype train opgesprongen dass ma evtl an 1-2 Joer kennen eng flott Liga gesinn.

Hi-Lite: Passend zum Thema Letzeboier Counter Strike, huet Lëtzebuerg jo elo och een CSGO National Team. WLG ass do och mat vertrueden. Kanns de eis bëssen mei dozou soen?

iNk: An der National Equipe hun ech un sech schon säit Source Zäiten heiansdo matgespillt. Dëst Joer hun mir d'Méiglechkeet krit an der "Deutschen Länder Meisterschaften" vun der ESL matzespillen wou 22 Equpien dobäi sinn. Den Jager, deen Team-Captain as huet dunn en Team zesummen gestallt. Team Lëtzebuerg besteet momentan aus 12 Spiller, an dofunner sinn der 5 vun We Live Games. Et as bëssen en Spagat fir eis Liga Matcher an Nationalequipe ënnert en hutt ze kréien. Mais doduerch dass mir en groussen Kader hun geléngt et eis, an stinn momentan ob der 2. Platz.

Hi-Lite: Dat gesäit jo schon ganz gutt aus vir d' Nationalteam. Vir déi wou mei doriwwer wëssen wëllen ass hei en Link vir Team https://play.eslgaming.com/counterstrike/csgo/team/4278954/ an een aneren Link vir DLM Ranking : https://play.eslgaming.com/counterstrike/csgo/csgo/open/dlm-season-19-germany/rankings/

Lo bëssen mei typesch froen. Wei laang spills de dann schon Counter Strike, an wei hues de domadder ugefaangenen?

iNk : Bei mir war et esou dass wei ech mäin eichen Pc krit hun bëssen mat 1.6 ugefaangen hat. Dunn as Counter-Strike Source 2004 eraus. An ech war direkt an dat spill verkaf. Zesummen mat mengem Noper dem Linkik hun ech ugefaangen praktesch all dag ze spillen. An dunn as et lass gaangen mat diversen Teams an Lan-Party an alles wat eben dobäi gehéiert. Bis haut sinn ech bei Counter-strike bliwwen. Wat fir mech nach ëmmer dat bescht kompetitiv Game as wat je ob den Marché koum.

Hi-Lite : Et ass jo bekannt dass de_dust2 deng Lieblingsmap ass, wei gefält där den Rework vun D2?

iNk : Meng aktuell Lieblingsmap as unsech de_train. Dat läit awer éischter drun dass mir déi nei de_dust2 net gefält. Wei gewosst as de_dust2 original meng absolut Lieblingsmap. Freeën géif ech mech awer doriwwer wann cpl_mill géing an den Mappool kommen. Dat wier eng richteg Beräicherung.

Hi-Lite : Vir all déi, wou dech nach net kennen, wat ass deng Lieblingswaff an Lieblingsproplayer?

iNk: Meng Lieblingswaff am Spill as, wei soll et anescht sinn d'Awp. Mäin Liiblingsspiller as den JW. En as ëmstridden an him as et egal. Genau dat gefält mir. Sai aggressiven spill style mat der Awp as Impressionnant. Hien as usech en Spiller bei deem ech mir ganz vill ofkucken.

Hi-Lite : Merci vir den Interview iNk. Den ganzen WLG Staff wënscht där an dem Team vill Gléck an den nächsten Matcher vir d'Luxmasters Final.

iNk : Merci WLG fir d'Ënnerstëtzung an d'Vertrauen der eis entgéint
bréngt. En Merci un jidereen deen eis ënnerstëtzt an en Merci un eisen Sponsor Nightler.com

Hi-Lite : An zum Oofschloss nach een klengen Video vun eisem iNk. Einfach geneissen :).

 

Hilite

Hilite

Steve De Sousa

Your Comments

Please register or login to post comments