News

CSGO Team Interview : Tom ‘Kiiischti’ Wohl

Sat 11th Nov 2017 - 4:58pm E-Sports

Zweeten  an eisem WLG CSGO TEAM Interview hunn mer eisenn Kiiischti ausgesicht!

 
 

Name : Tom 'Kiiischti' Wohl
Age : 28 years old
Country : Luxembourg

 

Hi-Lite : Moien Kiiischti, du hues bis elo jo mei als 6ten Mann dem Team ausgehollef. Et ass bewosst dass et net einfach ass souzesoen op der Bänk ze sinn, mee wei bereet een sech do am beschten vir?

Kiiischti : Moien Hi-Lite, also eist Team gëtt ed schon bëssen mei laang an mer hun gutt 1,5 Joer zesummen gespillt, wou ech decidéiert hunn inaktiv ze goen. Deen Moment huet den Biitz meng Platz iwwerholl. Well ech awer nie ganz opgehale hun mat spillen sot ech dass ech nach gär zur Verfügung stinn wann sie een bréichten. Well mer schon eng gutt Zäitchen zesummen spillen hun ech mech lo net extra missten vill virbereeden an d' Ambitioun muss jo och sinn dass ëmmer déi 5 Haaptspiller dobäi sinn wann en Match ass, sou dass ech just am Noutfall hunn missen ansprangen.
Fir matzehalen as souwäit kee Problem gewiergt well ech awer nach oft Faceit mat hinnen gespillt hun an ëmmer nach niewenbei vill trainéiert hunn.

Hi-Lite : Mam Annoncéierten Depart vum Biitz Enn dëst Joers, befënnt sech d'ganz Team jo bëssen an enger Transitiounsphase. Wei ass et vir dech d'Team erëm als festen 5ten Mann ze integréieren? Steet den Line-Up vir d'Luxmasters Final schon fest?

Kiiischti : Als éischt mol wéilt ech mech beim Biitz bedanken dass hien mer den Wee frei gemaach huet rem als 5ten Mann matzespillen. Weis du schonns sos, war den Depart vir Enn des Joers geplangt soudass den Biitz awer nach beim Luxmasters Turnéier matspillen kann. Elo hunn mer awer als Team entscheet, dass et mei am Sënn mëscht dass ech direkt d'Team reintegréieren, well ech jo schon mat hinnen mat trainéieren, Taktiken an Maps zesummen duerchginn, wat een jo sou als 6ten Mann éischter net matmëscht. D'Ziel soll jo och sinn dono weiderzemaachen wat eis natierlech lo mei einfach fält well den Playerchange virum Event gemaach ginn as.
Wei gesot hei nach en groussen Merci un den Biitz deen sech hei ganz an den Déngscht vum Team gestallt huet an mier seng Platz iwwerlooss huet.

Hi-Lite : Waat mecht vir dech een gudden CSGO spiller aus?

Kiiischti : En gudden Csgo Spiller as fir mech perséinlech een deen sech an den Déngscht vum Team stellt. Ed kann een nach sou gutt sinn wei een well, wann een net zu 5 zesummen spillt an sech ofschwätz, dann gewënnt een och neicht. Natierlech brauch een en gewëssenen Aim an och Erfahrung, mee dat gëtt alles reicht richteg gutt wann een och en gutt Team huet wat net aus Eenzelkämpfer besteet.

Hi-Lite : Waat gefällt dir dann am meechten am Counter-Strike ?

Kiiischti : Wei den iNk schon an sengem Interview sot och fir mech as ed bis elo dat beschten kompetitiivt Spill wat je op den Marché koum. Op der enger Säit sou simpel ouni vill Schnickschnack an op der aner Säit brauch een trotzdeem vill Skill an och Teamplay. An dat as fir mech den gréissten Reiz am Team ze spillen an zesummen weider ze kommen an Zieler ze erreechen.

Hi-Lite : Lo natierlech dann d'Froen déi net feelen dierfen, wéini hues du mat Counter-Strike ugefaangen?

Kiiischti : Ugefaangen hun ech mat Counterstrike Source virun bëssen mei wei 12 Joer kuerz nodeem d'Spill erauskomm as. Am Ufank éischter aus Fun mat Kollegen an dono awer mat Diversen Clans an war och déi Zéit op villen Lans ënnerwee.

Hi-Lite : Hues du een Lieblingsskin? 

Kiiischti : Lieblingsskin hun ech perséinlech net wierklech sinn do éischter klassesch ënnerwee.

Hi-Lite : Du hues bestemmt och eng Waff deis de leiwer benotzt? What about een Lieblingsspiller?

Kiischti : Lieblingswaff hängt fir mech vun der Daagesform oof spillen munchmol gaer AWP mee och all aner Waff. Fir mech as den Fallen einfach en kompletten Spiller an all Hisiicht op Aim oder Gamesense. An den Xyp9x kann ëmmer all Ronn gewannen och wann et eng 5vs1 Situatiounen as, well hien ëmmer roueg bleift!

Hi-Lite : Merci Kiiischti vir desen interessanten Interview. Wells de eventuell nach eppes lass ginn?

Kiiischti : Wollt op dëser Platz nach soen, dass ech et super fannen wat e-sports.lu an Be.Kingz do op d' Been stellen fir d'Letzeboiesch Community rem bëssen aus hirem Deiwschloof ze erwächen . En groussen Merci an en groussen Luef fir d' Organisatioun déi bis elo super geklappt huet an hoffentlech nächsten Samschden um Offline Event en krönenden Ofschloss zu Kayl fënnt!
Do schwätzen ech géif ech soen am Numm vun der ganzer Community wann ech soen dass mer eis iwwert all weidert offline Gaming Event freeën!

We live Games well ech och en riesen groussen Merci soen, dass sie eis op eisem Wee ënnerstëtzen an eis hëllefen wou se kennen!

Hi-Lite : An hei nach en klengen VAC Moment vum Kiiischti am läschten Match geint Graduga :

 

Hilite

Hilite

Steve De Sousa

Your Comments

Please register or login to post comments