News

CSGO Team Interview : Jack ‘bwzr’ Veloso

Tue 14th Nov 2017 - 5:04pm E-Sports

Am dretten Deel vun eisem CSGO Team Interview hunn mer den Jack ‘bwzr’ Veloso puer Froen gestallt.

 
 
Name : Jack 'bwzr' Veloso
Age : 26 years old
Country : Luxembourg
 
 

Hi-Lite : Moien Bwzr, wei ass d’Stemmung sou am Team knapp eng Woch virun der Luxmasters Final? An wei gees du perseinlech un dei ganz Saach runn?

Bwzr : D’Stëmmung vum Team ass am Moment nach ganz relax. Perséinlech wäert ech mech en bëssen op d’Géigner virbereeden, andeems ech puer Demoen kucken. Dozou kennt dass mer nächst Woch mam Team nach gutt trainéieren wäerten, sou dat mer mat engem gudden Mindset an Confiance an d’Turnéier goen kennen.

 

Hi-Lite : Am éischten Match vun der Final spillt der géint d’Kollegen vun BeKingz, déi jo mat WLG vun Ufank un als Favoritten ugesinn goufen. Kreien denger Meenung no Zuschauer spannend Matcher zegesinn?

Bwzr : Mer freeën eis op allen Fall op den Match. BeKingz spillt och schon mei laang zesummen, an se waren jo och schon op en puer LANs wat vill Erfarung mat sech bréngt. De Jager insbesonneg spillt jo schon säit Éiwegkeeten kompetitiv Cs, an kann sengen Mates denken ech domat vill hëllefen. Et wärt interessant ginn weieng Maps gewielt ginn, an ech denken wann mer all gutt spillen dann hun mer gutt Chancen géint BeKingz ze gewannen.

 

Hi-Lite : Weieng Zieler géings du gären an noer an bëssen mei entfernter Zukunft mam Team erreechen?

Bwzr: Dat éischt Ziel ass emol den Luxmasters ze gewannen! Dono mussen mer kucken dass mer eis en Numm an der dätscher Counter Strike Scene maachen. Wann mer dat bis erreecht hunn, ass et definitiv schon net schlecht, an ab do misst een dann kucken wei et weider geet.

 

Hi-Lite : Ech sinn mer bewosst dass et eng mei tricky Fro ass, mee wien ass vir dech den stäerksten aus dem aktuellen WLG CSGO Lineup?

Bwzr : Dat ass wierklech eng tricky Fro. Bessen wei wann een diskuteiern ween den bäschten Fussballspiller ass. Jiddereen am Team huet seng bestemmten Roll, dei och jidereen menger Meenung no gutt erfellt. Vir awer op deng Fro ze äntweren, wien Aim-technesch am stäerksten ass, dann géif ech behaapten eisen klengen crds.

Hi-Lite : Wat misst denger Meenung no Valve onbedéngt an hirem nächsten groussen Update änneren?

Bwzr : Am Groussen an Ganzen fannen ech d’Spill gutt wei et am Moment ass. Wann ech eppes änneren keint, dann CZ an P250. Ech fannen d’CZ vill ze staark, an P250 am Verglach ze schwaach. Mais dat ass eben den aktuellen Meta. Wann se d’CZ nerfen geingen, dann gëtt eppes aneres erëm besser. Weieen Update ech allgemeng mei wichteg géing fannen, ass dat se eppes wei en Team-Matchmaking bäifügen. Dat géif dann vill Spiller motivéieren Teams ze grënnen. Sie hun sou mam Rankingsystem och een konkret Ziel virun sech. Ausserdeem ass et manner ëmständlech wei iwwer Faceit oder ESEA ze spillen.

 

Hi-Lite : Op weienger Map spills de dann am léifsten drop ? An mat weienger Waff drecks de am léifsten Headshots?

Bwzr : Meng Lieblingsmap ass definitiv de_Inferno, an am léifsten spillen ech mat der AK. Meng Favoritten sinn am Moment den Xyp9x an den Happy.

 

Hi-Lite : Merci vir deen flotten Interview! Ech ech wënschen der dann nach vill Spaass beim trainéieren an vill Gléck vir en Samschden. Falls nach een Froen huet, kann en se jo roueg hei drënner oder op Facebook schreiwen.

Bwzr : Merci Steve fir den Interview, Merci un WLG fir alles wat se fir eis gemaach hun an Merci un BeKingz , e-sports Luxembourg an jiddereen deen mat gehollef huet den Luxmasters Turnéier op d Been ze stellen.

 

Hi-Lite : Zum Oofschloss, nach een klengen Clip vun eisem bwzr :

 

Hilite

Hilite

Steve De Sousa

Your Comments

Please register or login to post comments