News

CSGO Team Interview : Artur ‘crdS’ Cardoso

Thu 16th Nov 2017 - 5:09pm Gaming

Nach zwee Deeg vir Lux Masters Final. Vir iech d'Waarden bëssen mei einfach ze maachen, kennt der hei den Interview mat eisem crdS liesen.

 

Name : Artur 'crdS' Cardoso
Age : 23 years old
Country : Luxembourg

 

Hi-Lite : Moien crds, We Live Games fänkt un an der letzeboiescher CSGO Community een staarken Numm ze kréien, virun allem dank earen excellenten Resultater bis elo. Mengs du dass d'Team dat neidescht huet vir international den Duerchbroch ze packen?

crdS : Moien Hi-Lite, menger Meenung no ass Potential do an wann et weider serieux geholl gëtt wei et am Moment leeft sinn ech der Meenung dass mer eis schon duerchsetzen kënnen. Mir spillen all säit Joren, den Gamesense ass do an dat eenzegt wat den Ënnerscheed mëscht ass d' Zäit déi dran investéiert. Fir sech en groussen Numm ze maachen muss een sech vill Zäit huelen an sech duerchsetzen.

Hi-Lite : Mir vun We Live Games probéieren iech natierlech sou gutt wei méiglech ze ënnerstëtzen an sinn eis secher dass wann weiderhin sou serieux gespillt gëtt, dass den Numm vum Team och gläich international bekannt gëtt. Wann een vun Zäit investéieren schwätzt, geet et net nëmmen em gespillten offiziell Matcher. Do stécht secher ganz vill Training hannendrun. Wei vill Zäit consakreierst du an der Moyenne pro Woch vir perséinlechen Training, an wei vill vir Team Training?

crdSPerséinlech Zäit investéieren hänkt ëmmer dovun of wei vill Fräizäit do ass, mee investéieren schon plus/minus 25 Stonnen d'Woch mam Team vir den Training mat dran. Am Team hänkt et ëmmer dovun of wei vill Zait jiddereen huet, mee meechtens spiller mer 3 mol d'Woch zesummen.

Hi-Lite : Et ass jo bekannt, dass wanns du bis waarm gelaf bass, jiddereen platt walzen kanns. Hues du een bestëmmten Ritual virun engem Match vir dech waarm ze spillen?

crdS : Et ass net wierklech wann ech bis waarm sinn mee éischter wann ech grad Confiance hun an dat kënnt dovun wann ech deathmatch oder souguer am mix 5vs5 spillen. Wann ech d'Gefill hun dass ech "alles treffen" dann geet et och virun an sinn hunn dann een zimlech aggressiven Spillstyle. Natierlech wann den bwzr zu mir seet ech soll mei passiv spillen dann muss ech dat maachen mee sinn der Meenung dass hien mech gutt benotzt wann ech gutt drop sinn.
Et ass net wierklech een Ritual do, wei ech et ëmmer soen ass Aim net mei wei Muscle memory an fir dass et gutt klappt muss een einfach roueg bleiwen an sech net opreegen och wann et grad net sou klappt wei een et gär hätt.

Hi-Lite : Dat ass eng intressant Äntwert/Tipp op eng Fakt deen oft als Excuse geholl gëtt falls et heiansdo net sou gutt klappt.
No den krassen Brieder vun leschter Woch ass eng vun dengen Lieblingswaffen bestëmmt d'Deagle?

crdS : D'Deagle ass eng Waff déi ech ganz gär spillen wann d'Team keng Suen huet an heiansdo souguer dozou feiert dass mer ECO ronnen gewannen.

Hi-Lite : Wanns de Valve keins iwwerzeegen eng Waff ze änneren, wei eng wier et?

crdS : CZ-75 géing ech änneren. Geing nach en Magasinn dobäi maachen also dass et am ganzen 36 kugelen sinn an dass d'Animatioun mei schnell ass.

 

Hi-Lite : Läscht Fro, hues de een Liiblingsspiller, wous de zb. bëssen den Spillstyle ofkucks?

crdS : Ech kucken kengem Spiller spezifesch no, ech kucken bëssen vun allem an huelen mer dat wou ech der Meenung sinn dass et wichteg ass, mee Spiller wei Rain, k0nfig an shox kucken ech och gär no.

Hi-Lite : Merci crdS! Hoffen dir huet dësen klengen Interview genau souvill gefall wei mir. Den ganzen We Live Games Staff dréckt dir an dem Team vir en Samschden d'Daumen! Wëlls de op dëser Platz eventuell nach eppes bäifügen?

crdS : Merci un dir fir den Interview an freeën mech fir den Support den der eis gitt. En speziellen Merci un den Biitz deen dat ganzt mam Team gestart huet!

Hi-Lite : Leider nach keen Clip vum crdS.

Hilite

Hilite

Steve De Sousa

Your Comments

Please register or login to post comments