News

CSGO Team Interview : Daniel ‘dan’ Alho

Fri 17th Nov 2017 - 12:47pm Gaming

Last but not least, den Interview mam Daniel 'dan' Alho!

 

Name : Daniel 'dan' Alho
Age : 24 years old
Country : Luxembourg

 

Hi-Lite : Gudden Owend dan, déi wou dech bëssen kennen, wëssen dass du privat mam Fussball opgehalen hues. Weien Afloss hat déi Decisioun op d'Team?

dan : Fir mech perséinlech war dat guer net esou einfach well ech Fussball mega gären spillen. Während den 2 Joer dei ech beim FC.LUNA gespillt hun, Hun mir 2 Mol den Opstig fir Divisioun 1 verpasst. Hat mengen Leit all gesot: wann mir dat 2 Joer net opsteigen, dann géing ech mam Fussball ophalen well ech eben vill schaffen an dann schon net vill Zäit iwwreg bleift vir meng Frëndin an Counter-Strike. Dunn ass eben geschitt wat geschitt ass, an mir hunn erëm schéin propper verkackt. Deen Moment war ech natierlech enttäuscht an mol fir dëst Joer komplett opgehalen. Fir CS Team war dat een fetten Plus! Sou konnten mir endlech eppes mei eechtes maachen well ech eben mei Zäit hat fir ze gamen an fir ze trainéieren. Ech mengen dass jiddereen gesäit dass wann mir mei Zäit investéieren dann kommen mir besser weider, an et mëscht och vill mei Spaass !

Hi-Lite : Dat ass effektiv eng grouss Decisioun déis du vir d'Team getraff hues. Hoffen mer dass et weider sou gutt virugeet. An denger Beschreiwung op welivegames.com steet dass de immens konsistent mat denger Leeschtung bass, an et ass selten dech an engem schlechten Daach ze erwëschen. Wei mëss du et vir ëmmer sou konstant, gutt ze performen?

dan : Et ass ganz schwéier ob déi fro ze äntweren, an menger Meenung no kennt dat mat der Erfarung déi ech iwwert all déi Joeren gesammelt hunn. Ech probéieren och ëmmer ze spillen soubal ech Zäit dofir hunn, an probéieren ëmmer mäin "bescht" ze ginn. Muss awer zouginn, dass et och Matcher ginn wou et heiansdo net sou gutt geet, mee mee meeschtens sinn ech awer konstant.

Hi-Lite : Op wat frees de dech am meeschten iwwert dat wat Zukunft der oder dem Team brengen kéint?

dan : Wei schon meng Teammates gesot hunn,wier dat flottst elo Lux Masters ze gewannen, an dass mir jidderengem weisen dass mir dat bescht Letzeboiesch Counter Strike Team sinn. An der 99dmg.de Liga leeft et momentan och net schlecht an wier cool sech do bis an déi eicht oder zweet Divisioun eropzekämpfen. Dorobber freeën ech mech am meeschten an ech wier definitiv mega stolz op meng Mates! Klengt villäicht bëssi krass mee mäin ziel ass dat ! Dowéinst trainéieren mir och souvill an mir gleewen drun !

Hi-Lite : Et ass cool ze liesen dass dir iech sou héich Ambitiounen hutt! Komplett aner Fro elo, wat ass dat schwéierst vir dech am CSGO?

dan : Ingame ass et imens schwéier sech no engem laangen Dag nach während den Matcher 100% ze ginn. Wéinst der Middegkeet an Mangel vun Konzentratioun, verchecken ech heiansdo wichteg calls...

Hi-Lite : Nach eng kleng läscht Fro vir den Interview ofzeschléissen, spills de nach aner Spiller ausser Counter Strike?

dan : Déi fro ass ganz schnell beäntwert. Ech spillen NËMMEN CSGO! xD Wann een gutt well ginn, muss een sech nëmmen op een Spill konzentréieren. 

Hi-Lite : Dat war et dann mat eisem Team Interview. Merci dan vir deng Zäit an ech wenschen dir nach vill Spaass beim trainéieren. Et gesäit een sech dann op der Final!

dan : Merci un WLG fir alles wat se vir eis maachen. Merci un esport-lu an BeKingz fir die flott LAN ! Merci un meng 5 Mates die drun gleewen ! Merci un meng Frëndin fir seng Gedold. Merci un die Leit die um mech gleewen ! An groussen Respekt vir den Steve an seng Interviews vun all Spiller !

Hi-Lite : Hei drenner dann nach vir gutt oofzeschleissen een klengen clip vum eisem dan, enjoy :

Hilite

Hilite

Steve De Sousa

Your Comments

No-one has posted any comments, how sad!

Please register or login to post comments