
-
iNk
Gilles Raccogli
Ugefaange mat Counter-Strike 2002, huet de Gilles sech schnell zu engem Top Spiller entwéckelt. Di wuel meeschtgefahrten AWP am Land ass bekannt fir säin aggressive Spillstyle. Net nëmmen duerch seng doraus resultéierend Entry-Frags entscheet hien oft Ronne virzäiteg. Och seng Iwwersiicht an Clutch Momenter kommen der Equipe ze gutt....Read More
-
crdS
Artur Cardoso
Den jéngsten aus der Ronn, ass och deenjéinege wou mat sengen onkonventionelle Moves zu all Moment am Match geféierlech ka ginn. Seng Entry-Frags leeden oft de Gewënn vu scho quasi verluere Ronnen an. Wann den Artur eng keier am Match ass, da steamrolled hien iwwer all Géigner....Read More
-
dan
Alho Daniel
Mat dem Daniel hunn mir ee vun deene beschten a konstantsten CS’ler an onseren Reien, wou dëst Land bis elo gesinn huet. Säin Spillverständnis a seng Decisiounen an wichtege Momenter kennen all Situatioun dréien. Die adequat Mëschung aus aggressive Spillzich an intuitiven Upassunge maachen säin enorme Wäert fir ons aus....Read More
-
bwzr
Jack Veloso Dias
Als Ingame-Leader versicht hien ee logeschen an effiziente Spillstyle op d'Been ze stellen, deen dem Team eng gewësse Fräiheet an Dynamik gi soll. Individuell probéiert hien éischter mi safe ze spillen a sicht di einfach Frags mat sengem gudde Positioning. De Fakt, dass den Jacques de Spagat tëschent der Teamkoordination an seng aner Qualitéiten ze weisen sou gutt hinkritt, predestinéiert hien an dësem LineUp IGL ze sinn....Read More
-
Kiiischti
Tom Wohl
Achievements
-
PositionTournamentPrizeDate
-
1st
LUXMASTERS 2017-18 Nov 2017